Gesondheet: Dokter an Apdikt (A2)
Poterkëscht vum INLL - A podcast by Poterkëscht
Categories:
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer d'Gesondheet. Fir d'éischt héiere mir e Gespréich beim Dokter an duerno lauschtere mir en Dialog an der Apdikt. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkriptioun: Beim Dokter Rezeptionistin: Gudde Moien! Wéi kann ech Iech hëllefen? Patientin: Bonjour. Ech hunn haut e Rendez-vous beim Dokter Weber um 10 Auer. Rezeptionistin: Kënnt Dir mir wgl. Ären Numm an Äre Gebuertsdatum soen? Patientin: Jo, natierlech. Mäin Numm ass Jessica Klein an ech sinn de 15. Mee 1989 gebuer. Rezeptionistin: Merci. Huelt Iech wgl. nach en Ament am Wartesall Plaz, den Dokter kënnt geschwënn. Dokter: Moie Madamm Klein, wéi geet et Iech haut? Patientin: Moien. Net esou gutt. Ech hunn zanter e puer Deeg Problemer mat menger Nues. Se bäisst déi ganzen Zäit an ech muss oft néitsen. Meng Ae brennen och a mäin Hals ass e bësse rau. Dokter: Dat kléngt ganz no Heeschnapp. Hat dir déi Problemer schonn eng Kéier an dëser Joreszäit? Patientin: Jo, d’lescht Joer am Fréijoer hat ech dat och schonn. Dokter: Dann hutt dir warscheinlech den Heeschnapp. Dat hunn de Moment vill Leit wéinst de Pollen. Ech ginn Iech eng Ordonnance fir Anti-Histamin-Pëllen. Wann dir déi all Dag huelt verbessere sech är Symptomer séier. Ech ginn Iech awer och e Spray fir an d’Nues an Drëpse fir an d’Aen. Kommt awer an engem Mount erëm, da maache mir nach eng Kéier de Bilan. Patientin: An der Rei. Merci. Dokter: Gär geschitt. Hei ass Är Ordonnance. Gutt Besserung! Patientin: Merci, äddi! An der Apdikt Apdiktesch: Gudde Mëtteg! Wéi kann ech iech hëllefen? Client: Gudde Mëtteg. Mäi Jong huet eng zolidd Erkältung an den Dokter huet mir eng Ordonnance fir e puer Medikamenter ginn. Apdiktesch: Kënnt dir mir d’Ordonnance ginn, wann ech gelift? Client: Jo, hei ass se. Apdiktesch: Merci. Ok, ech gesinn ... ee Moment, wgl. Ech ginn d’Medikamenter sichen ... Voilà, hei sinn d’Medikamenter fir äre Jong. Kënnt dir mir wgl. soen, wéi al hien ass? Client: Jo. Hien huet aacht Joer. Apdiktesch: Merci. Hei ass fir d‘éischt den Houschtsirop. Deen ass fir de Schläim ze léisen. Äre Jong muss zweemol den Dag en hallwe Läffel nom Iessen huelen. Dann hutt dir hei nach e Spray fir an d’Nues. Dee mécht d’Nues fräi a wierkt géint de Schnapp. Dir musst him deen dräimol den Dag an d’Nues sprayen. Client: Villmools Merci. Hutt dir nach e puer Rotschléi? Apdiktesch: Et ass wichteg, datt Äre Jong genuch drénkt, am beschte Waasser oder Téi. Dir sollt och drop oppassen, datt hie vill rascht a genuch schléift, datt säi Kierper sech erhuele kann. Huet hien och Féiwer? Client: Jo, e bëssen. Hien hat de Moien 38 Grad. Apdiktesch: Da ginn ech iech nach Pëlle géint d’Féiwer mat. Fänkt awer mat enger klenger Dosis un, fir ze kucken, ob hien d’Medikament verdréit. Client: Merci, dat maachen ech. Nach e schéinen Dag! Apdiktesch: Merci gläichfalls!
