E Kaddo fir Mammendag (B1)
Poterkëscht vum INLL - A podcast by Poterkëscht
Categories:
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht. Haut hu mir e speziellen Episod fir Mammendag. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: A: So, hues du schonn e Kaddo fir Mammendag? B: Nee, nach net. A: De Blummestack d’lescht Joer war immens schéin, mee mir kënnen hir net all Joer dat selwecht schenken. B: Ech hu virun e puer Deeg e Video mat den „Top 10 Kaddoe fir Mammendag“ gesinn. Do war eppes Flottes: en Abonnement, fir Blummen ze verschécken! A: Wat ass dat? B: Majo, et gi Blummebutteker, do kanns du en Abonnement fir e Bouquet Blummen ofschléissen. Da kriss du all Woch oder ee Mol de Mount e Bouquet heemgeschéckt. A: A wat ass, wann de Bouquet mir net gefält? B: Keng Suerg, op der Internetsäit kann ee seng Preferenzen notéieren, wéi zum Beispill d’Zorte vun de Blummen an och d’Faarwen. Da kritt d’Mamma genee dat, wat hir gefält. A: Immens flott! Komm, mir kucke mol online. ... B: Dat do Abonnement kléngt gutt…25 Euro de Mount. Wéi vill Méint solle mer maachen? Fir 200 Euro, also 100 Euro fir jiddereen? A: Jo, da kritt se wärend 8 Méint e Bouquet. A wann hir dat gefält, da kënne mer hir et nach eng Kéier fir hire Gebuertsdag schenken. Si huet an 8 Méint Gebuertsdag. B: Tipptopp! Ok, wat solle mer hei schreiwen? A: Fir d’éischt: de Bouquet ass fir eis Mamm, Alter 62. B: Wat fir Blummen huet si gär? Tulpen... A: Jo, si huet giel, rosa, orange a rout Tulpe gär...keng Rousen, déi fënnt se kitscheg. B: Jo, a Margréidercher a Sonneblummen huet se gär. A: An Orchideeën! B: Si huet awer scho vill Orchideeëstäck doheem. A: Ok, keng Orchideeën. Schreif nach Narzissen! B: Wéi eng sinn dat nach méi? A: Narzissen heeschen och nach “Ouschterblummen”. B: A jo! A: Si huet och nach Péngschtrouse gär. B: Sees du “Péngschtrousen”? Ech soe “Päischtrousen”. A: Dat ass egal, déi zwee si richteg. B: Ok... A: Mir fale keng aner Blumme méi an. B: Mir och net. Notéier nach: “faarweg” a “waarm Faarwen”. Kee mof oder blo. B: Am Fong sinn d’Blummenzorten egal, Haaptsaach de Bouquet huet waarm Faarwen, ass net kitscheg an d’Blumme si regional a saisonal. A: Ass notéiert!
