Am Supermarché an e Kaffi drénke goen (A2)
Poterkëscht vum INLL - A podcast by Poterkëscht
Categories:
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir fir d'éischt en Dialog am Supermarché, an duerno lauschtere mir zwou Persounen no, déi zesummen e Kaffi an eppes z'iesse bestellen. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript Am Supermarché A: Ups, ech hunn d’Akafslëscht doheem vergiess! B: O! Weess de dann nach ongeféier, wat drop steet? A: Jo, mee ech hoffen, datt ech näischt vergiessen. B: A lass! Solle mer Blumme kafen? A: Hmm, déi gefale mer elo net immens, an dir? B: Nee, ech waarden op d’Tulpesaison. A: Ok! Also...fir eis Bolognesezooss brauche mer mol: Ënnen, Knuewelek, frësch Tomaten, Muerten an Zelleri. B: Komm, mir kafen och nach Courgetten, Paprika a Champignonen. A: Jo. Banannen... B: ...Äppel a Bieren... Häss de gär Drauwen? A: Jo, gär! Soss nach eppes? B: Nee. Da gi mer weider. Mmm, de Sushi gesäit gutt aus. Solle mer dat de Mëtteg iessen? D’Bolognese kache mer den Owend. A: Jo, gutt Iddi! Komm, mir kafen eis nach Mëtschen an eng frësch Baguette fir de Kaffi muer. An och nach e Bauerebrout. B: Kuck, dee Wäin do ass an der Reklamm! Dräi Fläsche fir de Präis vun zwou. A: Ass en da gutt? B: Jo, ech kennen en. Ech hunn e gär. Hu mer nach genuch Tomatepüree? A: Ech mengen, mee huel nach eng oder zwou Fläsche Passata. An e puer Päck Spaghetti. B: Ech gi mol dëse Gank erof, kanns du séier d’Gehacktes siche goen? A: Hei sinn ech nees. Ech hunn och nach gerappte Kéis an e Stéck Parmesan matbruecht. B: Ech hunn nach Räis, Lënsen, Orzo a Lënsennuddelen an de Caddie geluecht. A: Ok, da komm mir ginn elo nach bei d’Mëllechprodukter. B: Ass dann nach genuch Plaz am Weenchen? E Kaffi drénke goen A: Moien! M: Moien! Kënne mir eis setzen oder musse mir hei beim Comptoir bestellen? A: Hei beim Comptoir, wgl. M: Ok! Ech hätt gär e Cappuccino. Hutt dir och planzlech Mëllech? A: Jo, mir hunn Huewer- a Sojamëllech. M: Super! Dann huelen ech de Cappuccino mat Huewermëllech, wgl. A: Ok. Kritt dir och eppes? F: Hutt dir och normale schwarze Kaffi? A: Jo, natierlech! Mat oder ouni Zocker? F: Einfach schwaarz, wgl. Ouni Zocker. A: Hätt dir och gär eppes fir z’iessen? M: Jo, ech huelen e Stéck Carrot Cake. Oder sinn do Nëss dran? A: Jo, deen ass mat Nëss. M: A, schued, ech sinn allergesch op Nëss. Dann huelen ech e Croissant. A: Gefëllt oder normal? Déi gefëllt si mat Schockela. M: Dann huelen ech e gefëllte Croissant. Hëls du och eppes? F: O jo, déi Kéistaart gesäit nawell gutt aus! Ech huelen e Stéck dovun. A: Bezuelt dir zesummen oder getrennt? F: Komm, ech lueden dech an! M: O, dat ass awer léif, Merci. A: Dat mécht dann 22,50 €, wgl. F: Ou?! Dir hutt awer gepeffert Präisser. M: Ech wousst net, datt s du knéckeg wiers! F: Ech sinn net knéckeg, mee ech fannen et awer zimmlech deier. A: Jo, mee mir hunn nëmme regional a Bio-Produkter. M: Solle mer dann net awer eenzel bezuelen? F: Nee, ‘t ass gutt, d’nächst Kéier ass et dann un dir. M: Ok … da komme mer awer net heihinner.
